bulli 2011_1
DESCRIPTION
ANEIL bulli 2011_1TRANSCRIPT
Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois
bulli Fréijoer 2011
2 bulli Fréijoer 2011l
Impressum
Responsablen Editeur:Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois a.s.b.l. (ANEIL)4, bd Grande-Duchesse CharlotteL-1330 Luxembourgtél.: +352 45 13 54fax.: +352 45 09 32Internet: www.aneil.luEmail: [email protected]: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000
Redakteren:Yves Duhr, Jean-Luc Rippinger, Luc Frantzen
Chefredakteren:Luc Frantzen, Pit Schmit
Layout:Max Schmitz
Cover Foto:CRP Gabriel LIPPMANN © Bohumil KOSTOHRYZ www.boshua.com
Drock:Imprimerie Centrale
De Bulli kënnt 4 Mol am Joer eraus an huet eng Oplag vu 300 Exemplären.
D’Reproduktioun vun den Artikelen ass grondsätzlech erlaabt wann d’ Quell ugi gëtt. D’ANEIL ass awer net verantwortlech fir de Gebrauch deen domat kéint gemaach ginn. D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur.
De Pabeier vun dësem Bulli ass FSC zertifizéiert.
Iwwersiicht
Virwuert 3Comité 2011 5D’ANEIL am Internet 7Den neie Comité stellt sech vir 8Visite Luxlait 15Assemblée Générale 19Visite SIDOR 20Foire fir interesséiert Ingenieuren 24Déi méi lëschteg Säiten 26
bulli Fréijoer 2011 3l
Léif Memberen,
säit gutt 3 Méint ass lo schon deen neie Comité um Wierk an deen huet och scho gutt geschafft. Déi Opmierksam ënner iech hu festgestallt dass de Bulli een neit Ausgesi krut dat e bësse méi modern ass an iech hoffentlech och gefällt. Weiderhinn huet sech op eiser Homepage, déi Enn Dezember erneiert ginn ass, nach e bëssen eppes gedoen. Zum Beispill kann een do lo all déi al Bullien duerchbliederen an déi al Fotoe vun de Visiten a Reese kucke goen. Et lount sech also eemol laanscht kucken ze goen.
Mir waren och schon a 6 Lycéen Schüler iwwer den Ingénieursstudium a -beruff informéieren an haten am Februar eis éischt Visite bei der SIDOR zu Leideléng.
Déi nächst vun eisen insgesamt 6 Visiten dëst Joer fënnt Karfreideg den 22. Abrëll um 9 Auer bei der CFL Cargo zu Beetebuerg statt, wou mer hire Logistiksystem wäerte kenneléieren. Dee selwechten Dag mëttes um 3 Auer luede mer dann zu eiser traditioneller Table Ronde an der Chambre de Commerce, wou der a relaxer Atmosphär Kontakt mat lëtzebuerger Firmen ophuelen an iech no Stage- an Aarbechtsplazen informéiere kënnt. Eng Geleeënheet déi der iech net sollt entgoë loossen. Gekréint gëtt dann den Dag duerch eise Fräibéier owes ab 21 Auer am Scott’s Pub am Gronn.
Ech hoffen also mir gesinn eis Karfreideg, am léifsten direkt op deenen 3 Aktivitéiten a wënschen iech vill Spaass beim Liese vun dësem Bulli.
Äre PresidentMax Schmitz
Virwuert
Virwuert
bulli Fréijoer 2011 5l
Zürich Maschinenbau
+352 691 676615 +41 79 5955281
Comité 2011
Comité 2011
Karlsruhe Bauingenieur
+352 661 799369 +49 176 37546432
Oochen Maschinenbau
+352 661 672650 +49 178 1863134
München Luft- und Raumfahrt
+352 621 132330 +49 176 63142436
Karlsruhe Maschinenbau
+352 691 915070 +49 151 29110894
Oochen Bauingenieur
+352 691 567019 +49 176 22997290 [email protected]
Oochen Maschinenbau
+352 691 880152 [email protected]
Zürich Maschinenbau
+352 661 474328 +41 76 5403833 [email protected]
Oochen Informatik
+352 621 483134 +49 178 8929370 [email protected]
Oochen Entsorgungsingenieur
+352 661 914213 +49 176 20336956
Max SchmitzPresident
Pit DemuthVice-Président
Pol DaxSecrétaire
Jean-Luc RippingerTrésorier
Yves RothResponsable Studieninfo
Luc FrantzenDélégué aux publications
Pit SchmitDélégué aux publications
Jules PetitResponsable partenaires
Yves DuhrGestion fichiers & Internet
Danièle MouselMembre Coopté
Employing over 1600 people, covering markets worldwide from Luxembourg to Australia and operating 7 production facilities, Landewyck Group stands for a global and dynamic player active in tobacco, wholesale distribution, engineering and printing.
LANDEWYCK GROUPc/o Human Ressources
31, rue de HollerichB.P. 2202 L-1022
Luxembourg Tel.: +352 49 39 39-1
C
M
J
CM
MJ
CJ
CMJ
N
LANDEWYCK GROUP Annonce REEL 2010 copie.pdf 1 09/09/2010 17:45:50
bulli Fréijoer 2011 7l
D’ANEIL am Internet
D’ANEIL am Internet
Léif Bulli Lieser,
net nëmmen de Bulli ass a engem neien Design mä och d’Homepage vun der ANEIL.
Mat dem neien Design soll d’Homepage méi interaktiv ginn. Dofir kënnt der lo nei déi al Bullien direkt op der Homepage liesen a Fotoe vun de leschte Visiten a Reesen ukucken.
Doniewent probéiere mir d’Säit nach méi Informativ ze gestallten, fir datt zukünfteg Ingenieur Studenten déi Informatioune fannen déi se brauchen an net herno beim Konschtstudium landen.
Mir wäerten an Zukunft och nach weider un der Säit schaffe fir se stänneg ze verbesseren. Dir kënnt do mathëllefen andeem der är Ideeën un eis schéckt ([email protected]). Mir freeën eis och Fotoen déi dir bei de Reesen a Visite gemaach hutt op der Homepage ze publizéieren.
Yves DuhrResponsable Site Internet
8 bulli Fréijoer 2011l den neie Comité stellt sech vir
Den neie Comité stellt sech vir
Don’t LikeLike
Don’t LikeLike
Max Schmitz
Gebuertsdatum 24.08.1988Uertschaft LëtzebuergCharge PresidentUni-Stad Zürich
Studium MaschinnebauVerdéiwung Energie/Erneierbar EnergieStudienufank HS 07Studienenn SS 12
Veräin Swimming Luxembourg, ANEIL, LSZFilm Pulp Fiction, Napoleon Dynamite, 300, The Hangover Serien Californication, The Big Bang Theory, Breaking BadMusek Bob Dylan, Rolling Stones, The Doors, Lou ReedSport Schwammen, Schi fuerenIessen Italienesch, Chinesesch a villes méiVakanz Ios, New York, Bologna, Californien, PiemontBéier Battin, Rheintaler Maisbier, Simon Pils
Studium MaschinebauVerdéiwung FertigungstechnikStudienufank 2005Studienenn ?
Veräin net wierklech..Film Haialarm auf MallorcaSerien HIMYM Season 5Musek alles wat de Jules lauschtertSport wann ech et selwer muss spille: FussballIessen ETH MensaVakanz do fält mer keng an, haaptsaach VakanzBéier Turbinenbräu
Pol Dax
Gebuertsdatum 13.03.1986Uertschaft BrouchCharge SecrétaireUni-Stad Oochen
Veräin AVL, Oochener MännerchouerFilm Sin City, The Godfather, The Simpsons : The MovieSerien Two and a half Men, The Simpsons, Family GuyMusek Metallica, AC-DC, Airbourne, Haaptsach rockegSport Velofueren, BeachvolleyIessen Alles waat ech selwer kachen (Rouladen), asiateschVakanz USABéier Diekirch, Aventinius
Veräin /Film The GhostwriterSerien Germany‘s next TopmodelMusek sou zimlech alles waat um Radio leeftSport reidenIessen /Béier Bofferdeng an sou zimlech alles waat een an Deitschland sou ze drenken kritt
bulli Fréijoer 2011 9lden neie Comité stellt sech vir
Don’t LikeLike
Don’t LikeLike
Pit Demuth
Gebuertsdatum 10.05.1986Uertschaft LeidelengCharge Vice-PrésidentUni-Stad Karlsruhe
Studium BauingenieurwesenVerdéiwung Raum- und InfrastrukturplanungStudienufank WS 06/07Studienenn SS 11
Veräin LGL, AELK, ANEILFilm Die Hard I-IVSerien How I Met You Mother, Two and a Half Man, ScrubsMusek Deitschen Rock a PopSport LaafenIessen alles wat Gudd ass Vakanz iwwerall wou et warm assBéier Simon, Battin, Hoepfne
Studium Luft- und RaumfahrtVerdéiwung Numerische SimulationStudienufank WS 06/07Studienenn SS 12
Veräin /Film daitsch SchnulzenSerien Malcolm Mittendrin, CSIMusek /Sport FëschenIessen alles wat greng assVakanz /Béier Mohninger
Jean-Luc Rippinger
Gebuertsdatum 13.11.1986Uertschaft EschCharge TresorierUni-Stad München
Veräin ANEIL, Scouten, LSM, Bayern München Film Star Wars, Saving Private Rayn, Eraser Serien Friends, Californication Musek Muse, Les McCann, Duke Ellington Sport Fussball, Velofueren, Skifueren Iessen Alles wat schmaacht Vakanz Skifueren Béier Augstiner Helles, Battin
Veräin Schalke 04 Film Scary Movie Serien Desperate Housewives Musek Reggae Sport Golf Iessen D’Iessen an der TU Mensa Vakanz /Béier Orval
10 bulli Fréijoer 2011l den neie Comité stellt sech vir
Don’t LikeLike
Yves Roth
Gebuertsdatum 04.02.1987Uertschaft LamadelaineCharge StudieninfoUni-Stad Karlsruhe
Studium MaschinnebauVerdéiwung Produktentwicklung und KonstruktionStudienufank 2006Studienenn 2013-2014-2015?
Veräin AELK, ANEIL, FFLFilm Hangover, Black SwanSerien waat su leeftMusek Trance, House, DanceSport Beachvolleyball, SchwammenIessen ChinesechVakanz Sommer Strand Béier Guinness, Diekirch
Veräin Fussballclib...Film /Serien Dei Hausfrauen DingsdasMusek TechnoSport LaafenIessen /Vakanz /Béier Méteor
Don’t LikeLike
Studium MaschinnebauVerdéiwung MedizintechnikStudienufank WS05/06Studienenn 2012
Pit Schmit
Gebuertsdatum 22.07.1986Uertschaft BridelCharge BulliUni-Stad Oochen
Veräin X3M, AneilFilm Forrest GumpSerien Two and a Half MenMusek Rolling Stones, Dire StraitsSport Triathlon, klammenIessen Mediterranean KichenVakanz Sonn, Plage an MierBéier Erdinger Alkoholfrei
Veräin /Film Star WarsSerien /Musek Justin BieberSport FiederballIessen zevill FettVakanz CroisièrenBéier /
bulli Fréijoer 2011 11lden neie Comité stellt sech vir
Don’t LikeLike
Luc Frantzen
Gebuertsdatum 14.01.1986Uertschaft BeetebuergCharge BulliUni-Stad Oochen
Studium BauingénieurVerdéiwung KonstruktivStudienufank WS 05/06Studienënn SS 12
Veräin Aneil, AVL, LGS, Alemannia AachenFilm Departed, Lord of War, Body of Lies, Gran TorinoSerien Two and a Half Men, Scrubs, How i met your MotherMusek Clapton, Mando Diao, Audioslave, Pink FloydSport Laafen, Schwammen, BeachvolleyballIessen Carpaccio, Pizza, Cordon BleuVakanz New York, London, Gorge du VerdonBéier Diekirch, Beck’s, Killkenny
Veräin /Film The Tourist, Benjamin ButtonSerien CSI Miami, EUReKAMusek Hip Hop a ReggaeSport FussballIessen alles wat am Waasser lieftVakanz BarcelonaBéier König Pilsener
Don’t LikeLike
Studium MachinebauVerdéiwung Energie / Erneierbar EnergieStudienufank HS 07Studienenn SS 12
Jules Petit
Gebuertsdatum 28.11.1987Uertschaft LëtzebuergCharge Table RondeUni-Stad Zürich
Veräin ANEIL, Les Aigles, LSZFilm Lars and the real girlSerien cf MaxMusek RatatatSport Laafen, Schwammen, Kitesurf, SnowboardIessen Yummy yummy yummy I‘ve got love in my tummyVakanz gëtt et zu Zürich net :-PBéier Wat ass dat? ;)
Veräin JickeveräinerFilm /Serien /Musek Justin BieberSport /Iessen BanannenVakanz Skivakanz am SummerBéier wann e waarm ass
12 bulli Fréijoer 2011l den neie Comité stellt sech vir
Don’t LikeLike
Yves Duhr
Gebuertsdatum 07.08.1986Uertschaft MäerzegCharge HomepageUni-Stad Oochen
Studium Doktorad InformatikVerdéiwung Automotive SoftwareStudienufank 2005Studienenn 2014
Veräin Alemannia Aachen, F.C. Barcelona, ANEIL, AVLFilm Godfather, The good, the bad and the uglySerien How I met your mother, Big Bang Theory Musek Kennt op den Dag unSport Fußball, Boxen, Rugby Iessen Nudelen, ThaiVakanz Südostasien, AmerikaBéier Diekirch, Simon
Veräin Italiänesch Fußball VeräinerFilm Benjamin Button Serien Vampire DiariesMusek Death-Metal, Hardcore Techno, RaveSport / Iessen Uebstzalot Vakanz /Béier Mousel
Don’t LikeLike
Studium EntsorgungsingenieurVerdéiwung SiedlungswasserwirtschaftStudienufank WS 05/06Studienenn 04/2011
Danièle Mousel
Gebuertsdatum 22.04.1986Uertschaft HeisdorfCharge Mem. CooptéUni-Stad Oochen
Veräin ANEIL, AVLFilm Forrest Gump, King’s Speech, Despicable MeSerien HIMYM, Desperate Housewives, LOSTMusek Indie, Alternative, Oochener MännerchouerSport Laafen, Schwammen, KontakthüpfenIessen Pizza, Pasta, ZalotVakanz Plage, StiedBéier Diekirch, Beck’s
Hobby Botzen, raumen, moies fréi opstoenFilm déi vergiessen ech emmer séierSerien fir schlecht Serien ze gucken hunn ech dach keng ZäitMusek Hip Hop, SchranzSport d’ Motiviatiounsproblemer di domat verbonnen sinnIessen Fleesch wat nemmen aus Speck a Schanken besteetVakanz New York an d BiergerBéier deen deen et alt mol versehentlech zefill drénkt
Oil Curse in Nigeria
www.luxinnovation.lu
Accès Aux financements nAtionAux et européens / Mise en relAtion Avec des partenaires
scientifiques et tecHnoloGiques / trAnsfert de technologies / créAtion et AniMAtion de
clusters / créAtion de start-up et incuBation / Valorisation des résultAts de lA recHercHe
inforMAtion sur lA propriété intellectuelle / proMotion de lA créatiVité et du design
Internet banking
Quand je me suis connectée pour la première fois, je ne savais pas trop à quoi m’attendre. Depuis, mes habitudes ont changé. Aujourd’hui, je consulte régulièrement mes comptes, j’effectue mes virements, j’imprime mes extraits,... le tout via S-net !
La facilité d’usage et les standards de sécurité élevés de la solution internet banking de la BCEE m’ont convaincue. Et grâce à S-net, j’ai plus de temps pour les choses qui comptent vraiment…
Moi ? C’est deux fois par semaine…
Banque et Caisse d'Epargne de l'Etat, Luxembourg, établissement public autonome, 1, Place de Metz, L-2954 Luxembourg, R.C.S. Luxembourg B 30775www.bcee.lu tél. : (+352) 4015 -1
S-net fille A4.indd 1 12/02/10 10:29
bulli Fréijoer 2011 15lInternet banking
Quand je me suis connectée pour la première fois, je ne savais pas trop à quoi m’attendre. Depuis, mes habitudes ont changé. Aujourd’hui, je consulte régulièrement mes comptes, j’effectue mes virements, j’imprime mes extraits,... le tout via S-net !
La facilité d’usage et les standards de sécurité élevés de la solution internet banking de la BCEE m’ont convaincue. Et grâce à S-net, j’ai plus de temps pour les choses qui comptent vraiment…
Moi ? C’est deux fois par semaine…
Banque et Caisse d'Epargne de l'Etat, Luxembourg, établissement public autonome, 1, Place de Metz, L-2954 Luxembourg, R.C.S. Luxembourg B 30775www.bcee.lu tél. : (+352) 4015 -1
S-net fille A4.indd 1 12/02/10 10:29
Déi lescht Visite vum Joer 2010 goung am Nomëtteg virun der jäerlecher Assemblée générale de 27. Dezember bei déi nei Molkerei vun der Luxlait um Rouscht.
Well matten an der Staat keng Plaz méi war fir nach vill ze expandéieren, huet d’Association Agricole vun der Luxlait sech entschloss en neien Produktionsstanduert ze sichen, wou et och an Zukunft nach Moyen ginn fir ze wuessen. D’ Wiel vun dësem nei Standuert huet sech virun allem no der Gréisst vum Terrain an der Méiglechkeet gutt u vill Waasser ze kommen orientéiert. Eng Molkerei brauch eng grouss Quantitéit Waasser, mee dozou spéider méi. En Terrain deen dës Ufuerderungen erfëllt huet, gouf dann schlussendlech um Rouscht fonnt, wou déi nei Luxlait zënter 2010 produzéiert.
Déi nei Molkerei um Rouscht ass mam Besicherzentrum « Vitarium » beschtens op Visiten ausgeluecht. Impressionant fänkt et schonn un, wann een am gëllenen Haus vum Vitarium emfaangen gëtt. Do kritt een als éischt emol e Kittel an en 3D-Brëll an et léiert een eng 3-dimensional Kou ze sträichen. Dann fänkt den eigentlechen Tour duerch d’ Molkerei un. An engem interaktiven Kaaz a Mausspill tëschen dem virtuellen Bauerebouf Michel
aus dem 19. Joerhonnert an der Produktionschefin Caroline, léiert een déi verschidden Etappe vun der Produktioun kennen. Duerch de Michel an d’ Caroline gëtt nieft den Erklärungen e permanente Verglach tëscht der Produktiounsweis am 19. Joerhonnert an haut gemaach. Well alles sterille bleiwe muss an dat nët garantéiert ka ginn, wann permanent Leit duerch d’ Produktioun lafen, gouf déi nei Molkerei esou ausgeluecht, dass een trotzdem alles vun Uewen duerch Fënsteren kann gesinn, ouni jee direkt mat der Produktioun a Kontakt ze kommen.
Als éischt Statioun hu mer d’Produktioun gewise kritt, wou interessanterweis vill Artiklen hiergestallt ginn déi ënner engem aneren Numm am Ausland verkaaft ginn. Laut onserer Guide sin dëst zwee drëttel vun de Luxlaits Produiten. Produzéiert gëtt ëmmer an Etappen. Sou gëtt zum Beispill eng Zäit laang Schockelasmëllech produzéiert, dann gëtt déi komplett Anlag gewäsch an zum Beispill Bottermëllech gemaach. Well tëschent all Produktioun, déi komplett Anlag gewäsch an desinfizéiert muss ginn, gëtt esou vill Waasser gebraucht.
Duerno goung et an d’Verpaakung, wou d’ Produiten als éischt ofgefëllt an dann zesummen a Këschte verpaakt ginn.
Dunn gounge mer an de Versand- a Logistik-Zenter
Visite Luxlait
Visite Luxlait
16 bulli Fréijoer 2011l
deen am Fong näischt anescht ass, wéi e grousse Frigo. An enger gekillter Lagerhaal leien honnerte vu Paletten, déi drop waarden vun Camion ofgeholl ze ginn. Dobannen sinn et 5 Grad kaal an et ass nët fir näischt, dass déi Leit déi do schaffen mat den décke Jacketten ronderëm lafen.
Zum Schluss vun onser Visite goung et dann nach emol eng kéier an en interaktiven Zenter, wou een ënner anerem eng Course géint eng Kou konnt maachen oder ausprobéiere konnt, wéi vill Energie wéi eng Iesssaach huet. Natierlech gouf et och alles
Visite Luxlait
ze schmaachen wat bei der Luxlait esou hirgestallt gëtt an ons Leit hunn et sech nët huele gelooss eng Kachkéiseschmier bei engem gudde Glas Schockelasmëllech ze genéissen.
Jean-Luc Rippinger
Table Ronde 2011
Freides den 22. Abrëll um 14 Auer an der Chambre de Commerce (Kierchbierg)
Déi alljähreg Table Ronde bidd all iech Memberen d’Geleeënheet fir ausgewielte lëtzebuerger Firme besser kennen ze léieren. Nodeem all Firma sech kuerz virgestallt huet besteet dono beim Apéritif d’Méiglechkeet a relaxer Athmosphère mat den HR Responsable vun de Firmen an d’Gespréich ze kommen a sech z.Bsp. iwwer Stage- an Aarbechtsplazen z’informéieren. Dës Geleenheet sollt der iech net entgoe loossen.
De Programm vum Nomëtteg gesäit folgendermoossen aus:15h00 Rendez-vous15h30 Presentatiounen17h30 Receptioun
Je prépare
les projetsde demain.
M i r b r é n g e n i e c h w e i d e rChristiane S. / ingénieur
développer la mobilité de demain, c’est innover avec des infrastructures modernes et des technologies de pointe. c’est aussi investir dans le capital humain. Les cFL comptent près de 3400 employés formés à toutes les professions. engagés, dévoués, responsables, ce sont eux qui veillent à ce que vos déplacements se fassent en tout confort et en toute sécurité. www.cfl.lu
CFL - Ann. 210x280.indd 4 14/06/10 11:04:40
bulli Fréijoer 2011 19l
Je prépare
les projetsde demain.
M i r b r é n g e n i e c h w e i d e rChristiane S. / ingénieur
développer la mobilité de demain, c’est innover avec des infrastructures modernes et des technologies de pointe. c’est aussi investir dans le capital humain. Les cFL comptent près de 3400 employés formés à toutes les professions. engagés, dévoués, responsables, ce sont eux qui veillent à ce que vos déplacements se fassent en tout confort et en toute sécurité. www.cfl.lu
CFL - Ann. 210x280.indd 4 14/06/10 11:04:40
Assemblée Générale
An der Chrëschtvakanz, kuerz viru Joresenn, de 27ten Dezember hunn sech eng Rei motivéiert jonk Studenten an der Stad getraff vir d’Joer 2010 mat der Assemblée Générale vun der ANEIL ofzeschléissen.
Um éischte Stack vum Café Urban, dee fir d‘ANEIL reservéiert war, gouf dunn sou ze soen eng AG no der anerer wéi um Fléissband ofgehalen: zwee mol extraordinaire a schliisslech ordinaire.
Fir dem Wandel an de Studienuerdnungen, bedéngt duerch de Bologna Prozess, no ze komme war et erfuerderlech d’Statute vun der ANEIL, déi fir d’lescht 1989 geännert goufen, ze iwwerschaffen. Eng vun deene wichtegsten Ännerunge war et d’Ofschlëss Bachelor a Master an de Statuten ze verankeren. Och soll et de Studente vu Fachhéichschoulen ab elo offiziell erlaabt si Member vun der ANEIL ze ginn. Déi dofir erfuerderlech Ännerunge vun de Statute goufen am Joer 2010 vum Comité ausgeschafft an op der AG virgestallt. No engem Vote par Acclamatioun goufen se dunn majoritaire ugeholl, sou dass d’ANEIL lo der aktueller Studiesituatioun ugepasst ass.
Natierlech gouf et och wei dat sech vir esou een Joresofschloss gehéiert en Bilan iwwert déi sëllech Aktivitéiten a Visiten, een Iwwerbléck iwwert d‘Finanzlag vum Veräin, souwéi de Rapport vun de Keesereviseuren, déi konfirméiert hunn dass den Trésorier seng Arabescht korrekt gemaach huet.
Den neie Comité konnt ouni Vote ugeholl ginn an de Max Schmitz hëlt d’Erausfuederung un, trëtt d’Nofolleg vum Michel Hansen un, a gëtt President vun der ANEIL. Als al Huese bleiwen nieft him dem Comité erhalen: den Yves Duhr, de Jean-Luc Rippinger, de Pit Demuth, den Yves Roth souwéi als Membre Cooptée d’Daniel Mousel. Nei am Comité sinn d’Oochener Studente Pol Dax, Pit Schmit an Luc Frantzen an den Zürcher Jules Petit. Verabschid aus dem Comité hun sech dann niewent dem ale Presi Michel Hansen och d’Lis Cloos, d’Annik Becker, den Tom Schmitt, de Paul Nathan, de Marc Becker an de Gilberto Fernandes. Mir soen hinnen heimat natierlech och e grousse Merci fir déi vill Arabescht déi si an der ANEIL geleescht hunn.
No deenen ustrengende Formalitéiten huet d’ANEIL sech et natierlech net huele gelooss sengen treie Memberen ee Patt aus ze gi fir dass den Owend konnt an entspaanter Stëmmung auskléngen. Bei dëser Geleeënheet konnt een dann och direkt dovu profitéieren sech eng nei Memberskaart vir d’Joer 2011 ze kafen.
Frantzen Luc
Assemblée Générale
20 bulli Fréijoer 2011l
Freides, den 11. Februar ware mer déi nei Verbrennungsanlag vun dem SIDOR zu Leideleng kucken. SIDOR steet fir syndicat intercommunal pour la gestion des déchets en provenance des ménages et des déchets assimilables des communes des cantons de Luxembourg, d’Esch et de Capellen, a këmmert sech ëm d’Offäll vun de 36 Membersgemengen an deene ronn 2/3 vun de Leit zu Lëtzebuerg liewen. Niewent dem SIDOR gëtt et nach d’SIDEC (55 Gemengen) am Norden an SIGRE (25 Gemengen) am Oste vum Land. D’SIDOR ass awer mat ongeféier 125.000 Tonnen, wat ongeféier 70% vum Gesamtoffall am Grand-Duché ausmécht, dee gréisste Syndikat.
Déi nei Verbrennungsanlag, déi offiziell de 14. Mäerz no 6 Joer Bauzäit ageweit gouf an 99 Milliounen Euro kascht huet, ersetzt déi al Offallverbrennungsanlag vu ‘76. Déi nei Anlag huet eng Kapazitéit vun 20t/h a leeft 24/24h, 7/7 Deeg. Domadder kann se déi 125.000 Tonnen Offall vun de Membersgemengen am Joer verbrennen.
Wann den Offall ugeliwwert gëtt kënnt dee fir d’éischt an den Offallbunker, wou en da bis zur Verbrennung gelagert gëtt. Well d’Anlag déi ganzen Zäit leeft muss ëmmer genuch Offall do si
fir den Uewen um Brennen ze halen, och iwwer de Weekend oder iwwer d’Feierdeeg, wa keen neien Offall geliwwert gëtt. Den Offall gëtt mat dem Gräifaarm vum Kran gemëscht, fir dass z.Bsp. net nëmmen naassen Dreck an den Uewe geheit gëtt an deen dann aus geet. Et kënnen och nach grouss Saachen, déi net verbrannt solle ginn, wéi ee Frigo oder Gasfläschen, erausgeholl ginn, soss gëtt awer keng weider Trennung gemaach.
De gemëschten Offall gëtt da mam Kran an een Triichter geheit, wou en dann an den Uewe kënnt a bei enger Temperatur vu mindestens 850°C verbrannt gëtt. Dobäi bleift dann nëmmen nach Schlak, wei z.B. Eisen (dat schmëlzt eicht bei iwwer 1500 °C fir all déi, déi wei ech net Maschinnebauer sinn) iwwreg. Domadder huet een direkt proppert Eisen dat vum Rescht getrennt ass a weiderverkaaf ka ginn.
Duerno ginn d’Schuedstoffer aus de Verbrennungsgase mat hëllef vun Natriumhydrogencarbonat erausgetrennt. Mat Hëllef vun Aktivkuel ginn dann d’Schwéiermetaller an organesch Offallstoffer absorbéiert. Uschléissend gi mat Loftfilteren och nach déi reng Partikelen a Feststoffer erausgefiltert. Mat Hëllef vu Katalysatore gi Stéckstoffer nach aus den Ofgasen erausgeholl déi duerno dann aus dem Kamäin erausgefouert ginn.
Visite SIDOR
Visite SIDOR
bulli Fréijoer 2011 21lVisite SIDOR
Mat der Wäermt déi bei der Verbrennung entsteet gëtt Waasser erhëtzt, doduerch entsteet Waasserdamp deen eng Turbin undreift déi un ee Generator ugeschloss ass. Doduerch ka Stroum fir 28.000 Haiser produzéiert ginn. Ausserdeem ka Fernwärmt fir 3.000 Haiser un d‘Gebidder Ban de Gasperich a Cloche d’Or geliwwert ginn.
Yves Duhr
CCP La première carte Visa à recharger.
Comptes CCP et CCP Connect également gratuits.
Division des services Financiers Postaux - L-2997 Luxembourg - Téléphone gratuit : 8002 4004 - www.pt.lu
easy la carte VISAprépayée des P&T rechargez & payez en toute sécurité
Partout. Avec vous.
Bienvenue chez nous
Premier opérateur de services postaux et des télécommunications au Grand-Duché et fournisseur d’accès Internet de référence au Luxembourg, P&TLuxembourg offre également une large gamme de services financiers postaux, notamment sa solution d’e-banking CCP Connect. Ensemble avec ses filiales, P&T offre une vaste gamme de solutions innovantes et de qualité: LUXGSM est ainsi le leader en téléphonie mobile et eBRC est au premier plan en matière de solutions sur-mesure de cogestion de la continuité et de la sécurité des activités des entreprises nationales et multinationales.
P&T recherche de manière continue de nouveaux diplômés (bachelor/master) pour renforcer ses équipes dans ses trois métiers, notamment dans les domaines IT et les fonctions de support.
Nous vous offrons un poste stimulant dans un environnement multiculturel et une réelle opportunité de carrière, avec une rémunération attrayante en fonction de vos compétences. De même, une formation interne adaptée à vos besoins est assurée par l’Entreprise qui attache également beaucoup d’importance à la formation continue.
Le Groupe P&T, 4ème employeur du pays, met la compétence de plus de 3.500 collaborateurs au service d’une clientèle résidentielle et professionnelle.
Intéressé(e)? Envoyez-nous votre dossier de candidature comprenant Curriculum Vitae complet, copies des diplômes et photo récente à notre adresse e-mail: [email protected]. D’éventuelles demandes de renseignements téléphoniques peuvent être adressées au (+352) 4765-4422.
Pour plus de détails, visitez notre site Internet: http://www.pt.lu
Soirée Ingénieur
Freides den 22. Abrëll um 21 Auer am Scott’s Pub am Gronn
Wéi all Joer gëtt de Karfreideg, no enger ustrengender Visite moies an Table Ronde mëttes, owes ofgeronnd mat engem Fräibéier fir all eis Memberen. Dëst Joer fënnt dat ganzt am frësch renovéierte Scott’s Pub am Gronn statt. Lass geet et um 21 Auer an et dauert bis de Scotts eis um 1 Auer virun d’Dier geheit. Sidd also zur Zäit do.
24 bulli Fréijoer 2011l
Foire fir interesséiert Ingenieuren
18. - 20.10.2011 München3. Internationale Messe für Elektromobilitätwww.ecartec.de
18. - 20.10.2011 München14. Internationale Fachmesse für Werkstoffanwendung, Oberflächen und Product Engeneeringwww.materialica.de
28.06 -02.07.2011 Düsseldorf8. Internationale Metallurgie-Fachmesse www.metec.de
04. -06.10.2011 LinzFachmesse für Industrielle Automationwww.messe.at
30.09 - 03.10.2011 DürenBaumessewww.baumesse.de
Foire fir interesséiert Ingénieuren
01. - 04.09.2011 SalzburgBAUEN & MODERNISIEREN (AltbauModernisierung), Zürichwww.fachmessen.ch
13.09 - 16.09.2011 Frankfurt am Main Internationale Fachmesse für Elektronik, Automatisierung und Elektrotechnikwww.inletik.de
29.10 - 01.11.2011 UlmÖkologische Bau- & Energiemesse Ulm - Information, Beratung und Verkaufwww.uag.de
bulli Fréijoer 2011 25l
13. - 16.11.2011 MünchenElektronikmesse für Komponenten, Systeme und Anwendungenwww.messe-muenchen.de
03. - 06.11.2011 NürnbergInternationale Fachmesse „Ideen-Erfindungen-Neuheiten“ www.iena.de
05. - 06.12.2011 SindelfingenInternationale Ausstellung für die Innenausstattung von Kraftfahrzeugenwww.gj-events.de
28. - 30.12.2011 AachenFirmenkontaktmessewww.bonding.de
12. - 13.12.2011 MünchenFirmenkontaktmessewww.bonding.de
17. - 20.11.2011 StuttgartHobby & Elektronikwww.messe-stuttgart.de
03. - 06.11.2011 ZürichAuto Zürichwww.auto-zuerich.ch
Foire fir interesséiert Ingénieuren
26 bulli Fréijoer 2011l
D‘Glas Béier
Den Optimist: „d‘Glas ass hallef voll.“De Pessimist: „d‘Glas ass hallef eidel.“Den Ingenieur: „d‘Glas ass duebel sou grouss wéi et misst sinn.“
D‘Prinzessin
Wéi en Ingenieur enges Daags iwwer d‘Stroos geet gëtt e vun engem Fräsch ugeschwat: „wann s de mech kuss, ginn ech zu enger wonnerschéiner Prinzessin“. Den Ingenieur béckt sech, hieft de Fräsch op a stécht en an d‘Täsch. De Fräsch seet erëm: „wann s de mech kuss an zur Prinzessin méchs da bleiwen ech eng Woch bei dir“. Den Ingenieur hëlt de Fräsch aus de Täsch, laacht en un a stécht en erëm zeréck. Do jäizt se Fräsch: “wann s de mech kuss an zur Prinzessin méchs da bleiwen ech bei dir a maache wat s de wëlls“. Erëm hëlt den Ingenieur de Fräsch eraus, laacht a stécht en erëm zeréck. Schliisslech freet de Fräsch: „Wat ass lass? Ech hunn der gesot ech wier eng schéi Prinzessin, géif fir ëmmer bei dir bleiwen a maache wat s de wëlls. Firwat kuss de mech net?“ Dorop den Ingenieur: „Ech sinn Ingenieur. Ech hu keng Zäit fir eng Frëndin. Awer ee Fräsch dee schwätzt... dat ass cool“.
Deen éischte Mënsch
Et ënnerhale sech ee Medizinner, en Ingenieur an en Informatiker wien wuel als éischt op der Welt war.De Medizinner mengt: „also dat war jo wuel ee Medizinner. Well schon an der Bibel steet Gott schuf Eva aus der Rippe Adams. Dat ass ganz kloer ee chirugeeschen Agrëff.“Dorop den Ingenieur: „awer an der Bibel steet nach wäit virdrun am Anfang war das Chaos...“Do lehnt sech den Informatiker zeréck a seet: „an? Wien mengt der huet dee Choas gemaach?“
De Primzuelentest
Wéi beweist en Ingenieur dass all ongerued Zuele Primzuele sinn?
Hien test:1: Test bestan3: Test bestan5: Test bestan7: Test bestan9: Miessfehler11: Test bestanTest insgesamt bestan!
Déi méi lëschteg Säiten
Déi méi lëschteg Säiten
[RFI
/LKL
/SCA
/Joi
nThe
Adve
ntur
e-co
lour
-A4-
Inno
vatio
n_re
v2.in
dd/R
0/29
.11.
2010
]
Paul Wurth Group offers study related and / or professional opportunities for future or newly graduated engineers, ready to join a challenging adventure in a demanding international environment.
If you are interested in a practical internship / thesis work or looking for a challenging position within our company, please send your application to [email protected] or contact Dorothee PFANDER • Tel. (+352) 4970-2269
Visit our website www.paulwurth.com
World leader in Ironmaking Technologies•
Innovative solutions for Civil Construction• and Infrastructure projects
Paul Wurth S.A. Human Resources • 32, rue d’Alsace • P.O. Box 2233 • L-1022 Luxembourg
OUR PEOPLE MAKE THE DIFFERENCE
Join the Adventure-colour-A4-Innovation_rev2.indd 1 30/11/2010 10:40:34
LUXEMBOURGPORT PAYEP/S. 083